[BEÄNTWERT] Rénovation de l’ancien CIPA à Sanem

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen an un den Här Héichschoulminister weiderzeleeden.

Fir déi allermeescht Studenten ass et onméiglech, um normale Marché eng Wunneng ze fannen, déi si sech kënne leeschten. Aus deem Grond ass et wichteg, datt déi ëffentlech Hand deene jonke Leit adequat Offeren ubitt. Betraff si vrun allem d’Studenten, déi aus dem Ausland kommen an déi zum internationale Rayonnement vun der Uni Lëtzebuerg bäidroen, mä och eng Rei Residenten, déi aus wéi engem Grond och ëmmer net kënnen oder wëlle bei der Famill liewen.

Ee vun den ugekënnegte Projeten ass an deem Kontext d’Renovéierung vum ale Suessemer CIPA. Dat Gebai sollt vum Staat opkaf ginn, fir an eng Studenteresidenz ëmgebaut ze ginn. Den neie CITA huet scho méi laang seng Dieren opgemaach, mä d’Renovatiounsaarbechte vum ale schéngen net virunzekommen.

Aus deem Grond wéilt ech den Häre Ministeren dës Froe stellen:

1)      Ass dat Gebai schonns vum Staat opkaf ginn?

2)    Wat fir en Zäitplang ass fir d’Renovatiounsaarbechte vum ale Suessemer CITA virgesinn? Fir wéini ass den Ofschloss vun deenen Aarbechte virgesinn? Wéini wäerten déi éischt Studente kënnen an där Residenz ënnerbruecht ginn?  

3)      Fir wéi vill Studenten ass déi Residenz virgesinn?

4)      Wien iwwerhëlt, wann et esou wäit ass, d’Gestioun vun där Residenz, d.h. ënnert anerem d’Zoudeelung vun de Wunnengen  un d‘Studenten?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Marco Schank, Ministre du Logement

Deel dëse Post: