Den Ausbau vum 5G-Netz zu Lëtzebuerg geet virun. Et ass awer nach keng Etüd gemaach ginn, déi Zweifele géing aus dem Wee raumen, wat e Gesondheetsrisiko duerch déi dauernd Bestralung fir d’Mënschen ass. Den Europarot hat schonn 2011 gefrot, fir dëst ze ënnersichen an et gëtt och méi kleng Etüden, déi op e Kriibsrisiko hindeiten. Eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser geet der Positioun vun der Regierung op de Fong.