“Payement immédiat direct”genannt PID e System, deen ufälleg fir Fäll vu Mëssbrauch ass. Eis Deputéiert Lexy Schoos geet der Saach op de Grond a stellt déi néideg Froen un d’Madamm Gesondheetsminister.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.
Säit dem 1. Januar 2023 ass zu Lëtzebuerg den “Payement immédiat direct (PID)”-System agefouert ginn, dee virgesäit, datt de Patient beim Dokter nëmmen nach fir säin Undeel u Käschten opkënnt an datt d’Krankekeess hiren Undeel direkt iwwerhëlt. Et schéngt sech awer erauszestellen, datt de PID ufälleg fir Fäll vu Mëssbrauch ass.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Madamm Minister:
-
- Goufen dem Gesondheetsministère säit der Aféierung vum PID Fäll vu Mëssbrauch gemellt, a wa jo, wéi vill?
- Wéi sinn dës Mëssbrauchsfäll zustane komm a si Léisungen dofir fonnt ginn?
- Wéi eng Sanktioune si virgesi fir Mëssbrauchsfäll a goufen déi schonn applizéiert?
- Wéi vill Dokteren, respektiv Praxissesi sanktionéiert ginn?
- Verschidden Doktere stellen hire Patienten anscheinend keng Rechnungen aus. Misst dëst awer net eng Reegel sinn, un déi sech Medezinner hale mussen?
- Wa keng Rechnungen ausgestallt ginn, wéi steet et da mat der Transparenz vun de verrechente Prestatiounen?
- Verschidden Doktere schreiwe keng Bezeechnung vun der geleechtener Aarbecht op d’Rechnung, mee just de spezifesche Code. Dëst féiert zousätzlech zu Ontransparenz. Gëtt et eng Obligatioun, fir d’Beschreiwung vun der Leeschtung op der Rechnung ze vermierken?
- Ass ugeduecht, dass zukünfteg op der Rechnung de volle Montant vun der Leeschtung siichtbar ass, opgedeelt an deen Deel, deen automatesch rembourséiert gëtt, an deen Deel, deen nach ze bezuelen ass?
Mat déiwem Respekt,
Alexandra Schoos
Deputéiert