Televisiounsrechter fir den Sport zu Lëtzebuerg ?

Hei ass d’parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierte Jeff Engelen.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

De Sport huet sech an de leschte Joren am Grand-Duché op eng ganz besonnesch dynamesch Aart a Weis entwéckelt. D’Resultater vun de Lëtzebuerger Sportler bei den “Spiller vun de klenge Länner”, mee och bei groussen Eventer wéi der Qualifikatioun zur Fussball-Weltmeeschterschaft oder zur Fussball-Europameeschterschaft, sinn an de leschte Joren ëmmer besser ginn.

An engem Interview, deen den 29. Februar 2024 am Paperjam publizéiert gouf (“On restera toujours un petit, mais…”), erkläert de President vun der Fussball-Federatioun, de Paul Philipp: “Aujourd’hui, le Luxembourg existe sur la carte du football. On restera toujours un petit. Mais le regard que l’on porte sur nous a changé.”  Lëtzebuerg brauch sech net méi géintiwwer deene groussen Natiounen ze schummen, an et gi mëttlerweil vill Disziplinnen, bei deenen et keng “kleng Natiounen” méi gëtt. Donieft ginn et Disziplinnen, wéi z.B. Dammefussball, déi sech zu Lëtzebuerg op eng ganz villverspriechend Aart a Weis entwéckelen. Fir déi positiv Dynamik awer ze erhalen, musse mir d’Zukunft mat Luciditéit plangen an dobäi déi kommend Generatiounen optimal ënnerstëtzen.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister seng allgemeng Positioun zur Weiderentwécklung vum Sport fir zukünfteg Generatiounen duerleeën?
  • Wéi steet d’Regierung dozou, an d’Televisiounsrechter fir aner Sportaarten ze investéieren?

Mat déiwem Respekt,

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: