Pressefräiheet: a Gefor?

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Députéierten Fernand Kartheiser.

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Bausseminister an un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

D’USA froen aktuell d’Ausliwwerung vum Här Julian Assange, déi bis elo vum Vereenegte Kinnekräich refuséiert gouf. De Fall vum Här Asssange ass am Zesummenhank  mat der Fräiheet vun der Press vu ganz héijer Wichtegkeet a fënnt weltwäit Opmierksamkeet. Och stellen sech ganz vill Froen, esouwuel wat seng Behandlung bis elo ewéi och säi Recht op e faire Prozess an Zukunft ugeet.

An deem Kontext wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Gesäit d’Regierung an der Affär vum Här Assange Aspekter déi iwwert seng Persoun eraus ginn, besonnesch am Bezuch op d’Fräiheet vun der Press?
  2. Ass d’Regierung gewëllt zu Gonschte vum Här Assange bei den héijen Autoritéite vum Vereenegte Kinnekräich, respektiv vun de Vereenegte Staate vun Amerika ze intervenéieren?

Mat déiwem Respekt,

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: