50 Milliounen si keng Peanuts

De Fernand Kartheiser huet den 13. Oktober an der Chamber zu engem Projet geschwat, wou et em d’Lëtzebuerger Bedeelegung un enger Entwécklungsinstitutioun, der AID,  geet: Hei muss Lëtzebuerg eng zousätzlech Tranche vun 50,4 Milliounen Euro iwwerweisen. Och wann d’ADR den Text matgestëmmt huet, louchen zwou Remarken dem ADR-Deputéierten um Häerz. Hie freet sech op an deenen ärmste Länner wirklech d’Gläichstellung vu Mann a Fra an de Klimawandel déi gréisste Problemer sinn, déi mat dëse Sue solle geléist ginn. De Fernand Kartheiser hätt sëch aner Prioritéite gewënscht. Hien hätt och gär, datt dës Suen integral der Entwécklungshëllef ugerechent ginn, e Budget, wou Lëtzebuerg schonn immens vill mëcht. De Lëtzebuerger Effort wär esou grouss, e sollt net nach weider iwwer aner Quellen opgebauscht ginn.

 

Deel dëse Post: