Onverantwortlech Behandlung vum Parlament: Mettwurscht ouni Moschter!

De Jeff Engelen huet mat den ADR-Deputéierte géint dat zweet Covid-Gesetz gestëmmt a sech nawell gutt iwwert d’Regierung opgereegt. Et wär fir d’Chamber e Gesetz an d’Blannt eran, well d’Chamber an déi fir d’Gesetz zoustänneg Parlamentskommission vun der Regierung ni déi Fakte kritt hätt, déi et géingen erlaben Mesuren géint Corona ze huelen. An dacks wär kloer gewiescht, datt d’Regierung genee déi Fakten hat, déi der Chamber gefeelt … wéi zum Beispill op eemol Infektiounszuelen pro Kanton zirkuléiert goufen.

Problematesch ass fir den ADR-Deputéierten aus dem Norden awer och den Ëmgang mat de Verfassungsfräiheeten vum Bierger. Ee Gesetz, wat dës Fräiheete beréiert, wéi dëst Covid-Gesetz, wat d’Versammlungsfräiheet aschränkt, dierft nëmme mat enger Zweedrëttelmajoritéit an der Chamber (also 40 Jo-Stëmme) ugeholl ginn.

Deel dëse Post: