Russlandsanktiounen op wacklege Féiss

D’europäesch Russlandsanktioune schueden der Lëtzebuerger Wirtschaft a besonnesch de Lëtzebuerger Baueren. Politesch brénge se näischt an enger Kris, wou näischt Schwaarz a Wäiss ass a wou et schwéier ass, d’Feeler just op enger Säit ze gesinn. De Fernand Kartheiser huet eng Motioun abruecht, déi e Mëttwoch, de 24. Februar, an der Chamber net ugeholl gouf, wou hie wollt d’Sanktiounen ophiewe loossen … an dat am Aklang mam Wonsch vun ëmmer méi europäesche Länner.

De Bausseminister Jean Asselborn war natierlech géint déi Motioun, wat säi gutt Recht ass. Mä hien huet de Fernand Kartheiser guer net charmant, guer net diplomatesch a ganz battereescht an deem Zesummenhang “Duebelagent” genannt … an de Fernand huet him dunn erkläert, wat dat heescht.

Deel dëse Post: