Gemengerot Péiteng: Dem Joe Thein seng Interpellatioun zum Thema Flüchtlingspolitik

Den ADR Gemengeconseiller Joe Thein huet eng Interpellatioun am Gemengerot eragereecht zum Thema Flüchtlingspolitik an der Péitenger Gemeng.

Hei ass dem Joe Thein seng Ried aus dem Gemengerot vum 1. Februar 2016 zu dësem Thema:

 

Här Buergermeeschter,

Dir Dammen an dir Hären,

Als ADR si mir ganz frou an zefridden, datt mir haut iwwert d’ADR-Interpellatioun zur Flüchtlingspolitik schwätzen. Mir hunn dës Initiativ geholl, fir den Dialog mat deenen anere politesche Parteien, iwwert dee wichtegen an dréngende Sujet vun der Flüchtlingsproblematik, ze sichen. Als Partei hu mir gewësse politesch Froen zum „Krisemanagement“ an der Gemeng Péiteng, an deementspriechend Virschléi, Léisungsusäz an Iddien, déi mir dem Gemengerot matdeele wëllen.

D‘ADR ass prinzipiell fir eng mënschewierdeg a liewesnoutwenneg Betreiung an Ënnerbréngung vun de Flüchtlingen, déi bedéngt hirer Situatioun, no Hëllef sichen. Mir wëllen dëse karitative Service allerdéngs u gewësse Konditioune gebonne gesinn, fir datt eise System och 100% fir déi „éierlech Flüchtlingen“ zur Verfügung steet, an domat all Mëssbrauch vun eisem Sozialsystem verhënnert gëtt. Mir bedaueren als ADR, datt d’Gambiaregierung, mä och d’Europäesch Unioun als méi héich politesch Instanze wéi eise Gemengeréit, eng verfeelten Asylpolitik maachen, an doduerch d’Matsproocherecht, d’Handlungs- an d’Entscheedungsfräiheeten vun eise Gemengen, esou onerwënscht, limitéiert sinn. Als ADR veruerteele mir déi permanent Rechtsbréch vun eisen europäeschen an nationale Gesetzer, zugonschten vun enger chaotescher Asylpolitik. Aus dëse Grënn, wëlle mir datt d’Gemeng Péiteng als Gemeng mat besserem Virbild virgeet, an dowéinst bei der Ënnerbréngung vun deene 25 Flüchtlingen an där Villzuel vu Leit, déi nach am Raum stinn, e puer wichteg Konditioune respektéiert;

D’ADR mécht drop opmierksam, datt et an der Flüchtlingsproblematik, 4 verschidde Kategorie ginn;

Kategorie 1: Leit, déi getrei Genfer Flüchtlingskonventioun vun 1951 unerkannt sinn an déi wéinst hirer ethnescher, politescher, reliéiser oder sozialer Grupp, diskriminéiert soit verfollegt ginn, oder mam Liewe bedrot sinn

Kategorie 2: Krichsflüchtlingen, déi zwar net direkt als „Flüchtlingen wéi Kategorie 1“ unerkannt sinn, mä déi ons humant Versteesdemech hunn an dowéinst en „temporäreSchutzstatus“ verdéngen

Kategorie 3: Wirtschaftsflüchtlingen, ouni legitim Asylgrondlag

Kategorie 4: Islamisten, déi iwwert eng potentiell IS-Ënnerwanderung vum Asylstroum no Europa komm sinn fir hei terroristeschen Aktivitéiten nozegoen

Mat Referenz op dës Kategorien, wëll d’ADR fir d’éischt wëssen, ëm wéi eng Kategorie et sech bei dëse 25 Leit, déi vum Olai um Blobierg logéiert sinn, an eiser Gemeng handelt? D’ADR wëll an engems wëssen, ob der Gemeng Péiteng déi néideg finanziell a materiell Ressourcen, souwéi entspriechend adequat a fräi Infrastrukturen zur Verfügung stinn fir d’Gestioun vun der Flüchtlingskris? Mir wëllen och wëssen, wéi vill Flüchtlingen nach an Zukunft an d’Gemeng solle kommen? Aner Froe sinn, ob dës Flüchtlingen op de registrecommunald’attente kommen, no 5 Joer hei am Land un de Gemengewalen deelhuele kënnen, an ob si am Populatiounsregester, de Gemengefinanzen an am Kader vum pactelogement, figuréieren?

Desweideren ass d’ADR der Meenung, datt d’Lokapolitik gewësse Preventiounen a Moossnamen ergräife muss,

  1. Datt d’Gemeng dës 4 genannte Kategorien respektéiert an entspriechend traitéiert
  2. Datt de Ministär informéiert gëtt, datt d’Gemeng eng „zentral“ Ënnerbréngung favoriséiert bis d’Asylphase vun de Leit exakt gekläert ass, éier si Flüchtlingen an hir politesch Verantwortung hëlt;
  3. Datt vu vir eran festgehale gëtt, datt et sech bei der Opnahm vun alle Flüchtlingen an d‘Gemeng, ëm eng „temporärMoossnahm“ handelt, déi net zum Ziil huet, datt ee permanent Asylantenheem oder ee Containerduerf an der Gemeng entsteet, oder et zur „Ghettoiséierung“ vun dëser Plaz a senge Leit, féiert
  4. De Schutz, d’Rou, d‘Hygiène an d‘Liewensqualitéit vun der Gemeng séchert, andeems genuch Polizeikräften der „Flüchtlingsaufgab“ zougewise ginn an entspriechend Sécherheetsmesuren applizéiert ginn;
  5. D’Péitenger, d’Rodangeran d’Rollénger iwwert déi aktuell Flüchtlingssituatioun um Gemengenterritoire, an déi politesch Decisiounen, informéiert ginn.
  6. Eng Matentscheedung iwwert d’Methodik, d’Konzepter an déi politesch Decisioune mat de Bierger aus der Gemeng, stattfënnt.
  7. De „politesche Feeler“ vun 2011 net widderholl gëtt, d.h keng Ënnerbréngung vu Flüchtlingen nieft Primär oder Spillschoule stattfënnt
  8. Datt Flüchtlingen déi als „offiziell unerkannt“ gëllen, hir Phase vun der Integratioun duerchlafen, an dobäi e.ad’Lëtzebuerger Sprooch léieren.

D’ADR mécht hei och nach eng Kéier op hirt Schreiwes (Question communale) vum 13. September opmierksam, déi als éischt Initiativ am Dossier geholl huet, mä wou gewëssen „ongekläerte“ Froen säitens dem Schäfferot opstoe bliwwe sinn, fir déi mir haut hei sinn, fir Är Positioune méi konkret gewuer ze ginn. Mir hoffen datt eise Bäitrag haut zu méi Opklärung vum Sachverhalt féiert. Als ADR maache mir eis Voten an dem Sujet vum Versprieche vum Schäfferot ofhängeg – ass de Schäfferot gewëllt, dës Kritären ze respektéieren, wäerte mir dës Politik matstëmmen – ass de Schäfferot allerdéngs anerer Meenung, wäert d’ADR dës Flüchtlingspolitik net matstëmmen.

D’ADR ass net géint d’Flüchtlingen, mä fir eng „korrekt Flüchtlingspolitik“ – sou datt een eise Voten och esou bewäerte muss, datt ee weess, datt ee Neen, e Neen zur Methodik, Konzeptioun oder Haltung vun der aktueller Politik ass, a kengesfalls géint d’Flüchtlingen. Ech maachen dës Ausso präventiv, well ech weess, wéi gär eis Positiounen vun eise politesche Géigeparteien, falsch interpretéiert ginn an domat den Aemierk, net méi op d‘Essenz vun den Iddie geluecht gëtt. Dee Sujet sollte mir méiglechst „onideologesch“ féieren, an am Respekt an där néideger Verantwortung, zu geltendem Recht a Gesetz. Ech soen Iech Merci fir Äert d‘Nolauschteren, freeë mech op ee positiven Debat mat deenen anere politesche Parteien, a si ganz interesséiert un der Meenung vum Schäfferot.

Deel dëse Post: