1.700. Hektar Enteegnung am Trëntengerdall?

Wéi déi lescht Deeg an enger Rei Presseartikelen ze liese war, soll am Trëntengerdall e Gebitt vu ronn 1716 Hektar, déi sech iwwer fënnef Gemengen erstrecken an dacks och landwirtschaftlech exploitéiert ginn, an “eng Naturschutzzon vu nationalem Interessi” ëmgewandelt ginn. Déi geplangte Reklasséierung géif fir déi betraffe Bierger sou wuel e staarke Wäertverloscht vum Terrain u sech wéi och eng Rei Aschränkungen an hirer deeglecher Aarbecht bedeiten. Wéi konnt d’Regierung esou eng Decisioun imposéieren, ouni sech am Virfeld iwwerhaapt mat deene betraffene Bierger ze beroden?

Deel dëse Post: