Gambia-Nationalitéitegesetz: en Ugrëff op d’lëtzebuerger Natioun!

Wie wëllt Lëtzebuerger ginn, muss d’Lëtzebuerger Sprooch schwätzen. Fir d’ADR ass dëst ee vun de Grondsätz, op deenen dat neit Nationalitéitegesetz opgebaut muss ginn. Dobäi geet et net ëm e Konsens mat alle Parteien an de Chamber, et geet ëm de Respekt virum lëtzebuerger Wieler, dee sech kloer an däitlech beim Referendum vum 7. Juni ausgedréckt huet. D’lëtzebuerger Nationalitéit muss um Enn vum Integratiounsprozess stoen, dëst gëllt och fir d’Flüchtlingen a beim Gebuertsuertprinzip, wou déi aktuell Proposen net akzeptabel sinn.

Am Aklang mat sengem Walprogramm a wéinst dem Kontrakt mat senge Wieler gëtt et fir d’alleréischt ee Punkt, wou d’ADR kee Kompromëss ageet: dee vum Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Beim Sproochenadr am Kader vun der Naturalisatioun mussen op d’mannst déi aktuell Standarde bäibehale ginn, dat heescht den Niveau B1 beim Verstoen an den Niveau A2 beim Schwätzen. Nee, Här Justizminister, den Niveau A2 geet net duer! Et muss selbstverständlech sinn, datt de Réfugié, dee laut dem Projet vum Minister schonns no dräi Joer kann d’Nationalitéit froen, och de Sproochenadr muss reusséieren. Och am Fall vun der Optioun, déi nees agefouert gëtt z.B. beim Bestueden, oder bei Leit déi schonns 20 Joer zu Lëtzebuerg wunnen, mussen zolitt Kenntnesser vun der Lëtzebuerger Sprooch eng Viraussetzung sinn.

Komplett nieft dem Dill ass d’Propose, d’Fonctionnairen, d’Beamten an d’Aarbechter déi beim Staat schaffen d’Nationalitéit no 36 Méint ze ginn, OUNI datt dës op d’Lëtzebuergescht gepréift ginn, an ouni Residenzklausel! D’ADR verlaangt, datt d’Auslänner déi fir de Staat schaffen, no 3 Joer mindestens den Niveau B2 am Lëtzebuergeschen erreechen, onofhängeg vun der Fro vun der Nationalitéit.

D’ADR ass net domat d’Accord, datt Flüchtlingen, fir kënne Lëtzebuerger ze ginn, solle méi gënschteg Konditioune kréie wéi aner Auslänner (z.B. méi eng kuerz Residenzklausel vun nëmmen dräi Joer, kee Sproochenadr…). Och beim Gebuertsuertprinzip an éischter Generatioun (Droit du sol), also vu Kanner déi zu Lëtzebuerg gebuer sinn, muss et vill méi streng Konditioune ginn (z.B. Residenzklausel a Sproochekenntnisser vun den Elteren, Parcours an der lëtzebuerger Schoul fir d’Kanner), ier d’ADR mat op dëse Wee ka goen.

Déi aktuell Propose vun der Gambia-Regierung iwwert d’Nationalitéitegesetz ass an den Ae vun der ADR en Ugrëff op d’lëtzebuerger Natioun an eng Frechheet géintiwwer deene ronn 80% vun de Wieler, déi sech beim Referendum fir d’Rechter vun de Lëtzebuerger agesat hunn.

Pressematdeelung vum 9. Oktober 2015

Weider zu dësem Thema:

Deel dëse Post: