D’FEDEF (“Fédération des Enrôlés de Force Victimes du Nazisme”) war op enger Entrevue bei der ADR, e Freideg, de 5, Juni, vertrueden duerch d’Häre Claude Thill a Joseph Lorent (Fedef-Vizepresident a neie President vum  „CDSEF – Comité directeur pour le Souvenir de l’Enrôlement forcé“). Empfaang ginn ass d’Delegatioun vun den Deputéierten Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser.  Hinne läit um Häerz, datt an der geschichtlecher Diskussioun de Fall vun de Lëtzebuerger Jongen, déi am Zweete Weltkrich ouni rechtlech Grondlag an déi däitsch Uniform gezwonge si ginn, mat Respekt behandelt gëtt. Vu deenen 11.000, déi an deem Fall waren, sinn der 3.500 net aus dem Krich heemkomm.

Et gëtt aktuell munnech strukturell Ännerungen, well déi verschidden Organisatiounen vu Nazi-Affer zu Lëtzebuerg ënner engem Dag, dem “Institut d’histoire du temps présent”, sollen zesummegefaasst ginn.  D’FEDEF hofft, datt niewt der fondéierter historescher Recherche och de gesellschaftleche Kontext an d’Ambiance vun der Virkrichs- a Krichszäit do wäert lieweg gehale ginn. D’Entrevue, véier Deeg, ier d’Chamber sech wëll fir d’Lous vun de Judden zu Lëtzebuerg am Krich entschëllegen, huet och nach em déi aktuell Gebailechkeete gedréit, an deenen d’Krichsgeschicht doheem ass. D’Hollerecher Gare (Zwangsrekrutéierter) an d’Villa Pauly (Resistenz) misste fir déi Organisatiounen erhale bleiwen.