Zukunft vun eisem Gesondheetssystem

Fir eis steet de Patient am Mëttelpunkt – net d’Dokumenter, mee den Accès zu enger gudder Versuergung am Alldag.

👉 Mir froen eis: Huet d’Regierung nach e klore globale Fuerplang fir d’Gesondheetswiesen, besonnesch nom Sträit ronderëm d’Konventioun tëscht Dokteren an der CNS?

👉 Eng Prioritéit bleift fir eis d’Entlaaschtung vun de Spideeler an Urgencen, wou d’Waardezäiten oft ze laang sinn. Den „Virage ambulatoire“ muss strukturéiert ëmgesat ginn, mat méi Maisons médicales a staarker Zesummenaarbecht tëscht Spidol an ambulantem Secteur.

👉 Preventioun dierf net just aus Campagnë bestoen. Mir brauche konkret Strukturen, z. B. besser organiséiert Screening-Offeren a reegelméisseg Gesondheetsbilanen.

👉 Fir eis ass regional Gerechtegkeet essenziell: Och am Norden an am Oste muss eng gläichwäerteg medezinesch Versuergung garantéiert sinn.

👉 No der Covid-Kris brauche mir eng éierlech Evaluatioun, fir d’Resilienz vum System ze stäerken an d’Gesondheet – besonnesch vun eise Jonken – besser ze schützen.

👉 Mir sti fir Koordinatioun, mee net fir eng ëmmer méi staark Zentraliséierung, déi Distanz an Ongläichheete verstäerke kéint.

Als ADR si mir bereet, all Moossnam z’ënnerstëtzen, déi konkret Verbesserunge bréngt: méi séier Rendez-vousen, manner Waardezäiten an eng sécher, no a gerecht Gesondheetsversuergung fir jiddereen.

Deel dëse Post: