Zuelespillerei bei der Jugendgarantie

Vun Zuelenzalott schwetzt den Aarbechtsminister Nicolas Schmit a puncto « Jugendgarantie », a senger Äntwert op eng mëndlech Fro vum Gast Gibéryen an der Chamber den 28. Abrëll 2015. Dat ass eng europäesch Mesure, déi Jugendlechen ënner 25 Joer eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht soll garantéieren. Knapp d’Hallschent vun de Jugendlechen, déi zu Lëtzebuerg eng Aarbecht gesicht hunn, huet déi véier Méint duerchgezunn. Vun deenen hu knapp dräi Véirel eng Qualitéitsoffer kritt, also eng Aarbecht, eng Weiderbildung oder weider Schoulausbildung oder eng Aarbechtsbeschaaffungsmoossnam. De Minister huet missen zouginn, datt vill Jugendlecher dee Programm vu véier Méint net duerchzéien. 3973 Jugendlecher hätten zënter Juni d’läscht Joer vum Programm kinnte profitéieren, 645 hunn aus ville Grënn mam Programm opgehalen, 1939 (49 Prozent) hunn de Programm duerchgezunn. Vun deenen hunn 1406 eng Qualitéitsoffer kritt (73 Prozent) an 41 Prozent, also net grad 800 eng fest Aarbecht. 800 vu 4000 : Dat sinn 20 Prozent, genau déi Zuel, déi de Minister dem Gast Gibéryen net wollt gutt halen.

 

Deel dëse Post: