Wunnengsnout a praktesch Froen

An enger parlamentarescher Fro geet de Roy Reding op de Wunnengsproblem zu Lëtzebuerg an. Hie stellt dobäi ganz kniwwelech Froen un de Wunnengsbauminister, wou et ëm d’Virkafsrecht (droit de préemption) geet. Wann en Haus oder en Terrain verkaf soll ginn, kënnen ëffentlech Institututiounen (Gemengen …) do e Virkafsrecht geltend maachen, wat awer zu ganz komplizéiert Situatioune féiere kann.

Och an enger zweeter Fro vum Roy Reding, dës Kéier un den Banneminister, geet et ëm de Wunnengsbau. Hei ginn Detailler zum Monitoring vum “Pacte Logement” an ëm Geriichtsaffäre ronderëm d’Virkaafsrecht, déi bei enger méi aler Fro vum Roy Reding nach an der Schwief waren, verlaangt. Och wëll den ADR-Deputéierte wëssen, wéi vill Immobilien d’Gemengen an deene leschte Joer opkaf hunn.

 

Deel dëse Post: