Wuertniwwel amplaz vu Kloertext iwwer Populismus a Nationalismus

D’Kloertext-Fernsehsemissioun op RTL iwwer Nationalismus an Populismus vum 29. Januar war eng Farce. Do hu Leit, déi sech an der Saach total eens waren, gemaach, wéi wa si géingen diskutéieren. Nom Motto: Mir eleng wëssen, wat gutt ass fir Lëtzebuerg an Europa, an all déi, déi net eiser Meenung sinn, si béis Populisten.

Heindsdo huet da nach ee gemengt, missen op den neien US-President ze klappen. Mä och déi grad esou demokratesch gewielte legitim Regierungen vu Polen, Ungarn an der Slowakei sinn duerch den Dreck gezu ginn. A wann een deem Medienzirkus genee nogelauschtert huet, waren och vill Hallefwourechten ënnert den Aussoen.

Anscheinend duerfen iwwer Nationalismus a Populismus hei am Land nëmmen LSAP, DP (invitéiert mä net do), Déi Gréng an CSV schwätzen. Aner Parteie mat aner Iddien däerfe net matdiskutéieren, sinn un deem Dësch net erwënscht. An d’Bierger sollen nom Wëlle vun deene véier Parteien am beschte verbuede kréien, an de soziale Netzwierker hir Meenung ze soen. Et kéint ee mengen, an der beschter vun alle Welten dierften op Facebook an op Twitter nëmme Leit schreiwen, déi op der Linn vun deene véier Parteien do leien. D’Presidentin vun den ADR Fraen, Sylvie Mischel, hat bei dëser RTLs-Emissioun iwwregens eng Statiste-Plaz am Publikum ugebuede kritt. Op deen Alibi-Optrëtt huet si dankend verzicht. Well um Dësch vun deenen, déi diskutéiert hunn,  wär nach ganz vill Plaz fir eng aner Meenung gewiescht.

Et ass genee déi Schäindemokratie vun iwwerschlauen Debattéierer, déi a villen europäesche Länner sougenannt Populisten staark mécht. Si si net déi wierklech Populisten, déi de Leit Sand an d’Aen wëlle streeën?

Deel dëse Post: