Wouhir kënnt de Personalmangel am Gesondheetswiese wierklech?

Ob geadr, geimpft oder geboostert. All Woch falen der Regierung nei Ausrieden an, fir IECH d’Liewen ëmmer nach méi schwéier ze maachen, dat souguer iwwer d’Chrëschtdeeg. Dat eenzegt koherent a kontinuéierlech Argument, wat se bis lo virweise konnt, ass d’Iwwerbelaaschtung vum Gesondheets- a Fleegepersonal. Ouni Zweiwel goufen dës Leit wärend deene leschten zwee Joer genausou gedirängelt, wéi all déi aner Bierger och. Eng Iwwerlaaschtung schéngt also aus ville Grënn plausibel. Ass et méiglech, datt de COVID-19 e wëllkommene Virwand bitt, fir eng iwwer Joerzéngte verfeelt Astellungspolitik ënnert den Dësch ze kieren?

Deel dëse Post: