Wouhi weist den CSV-Kompass?

Dee bäi de leschte Chamberwale vill zitéierten CSV-Kompass schéngt a COVID-19-Zäite ganz verluer gaangen ze sinn. An Zäiten, wou sech krisebedéngt staark finanziell a gesellschaftlech Rëss opdinn, brilléiert d’CSV mat abstruse Propositiounen, Oneenegkeet an interne Streidereien.

De Parteipresident Fränk Engel ass apaart frou mat Steiererhéijungen. An engem Interview mam Online-Magasinn REPORTER sympathiséiert den CSV-President mat der Ierfschaftssteier an direkter Linn a schwätzt sech oppe fir eng Finanztransaktiounssteier, fir eng Verméigenssteier a fir eng CO2-Steier aus. Domat vollzitt hien en oppene Broch mat der CSV-Programmatik vun de leschte Joer. A wiem sengem Numm mécht de Frank Engel déi do Propositiounen? Am Numm vun der CSV? Nëmmen nach a sengem eegene Numm? Dat kann ee sech froen, well d’CSV-Fraktiounspresidentin an de steierpolitesche Spriecher vun der CSV Fraktioun hu jiddefalls direkt hirem Parteipresident widdersprach.

D’Iddi, eng méi sozial Politik duerch all méiglech Steiererhéijungen ze féieren, ass e klore Selbstgol; e Selbstgol, deen, wann e Realitéit gëtt, grad dem Mëttelstand an deene sozial méi Schwaache besonnesch wéi doe wäert.

De Frank Engel schéngt awer ze mengen, datt seng Iddien eng Majoritéit an der Partei hätten. Et gëtt jiddefalls spannend – wëll d’CSV wierklech mat engem Frank Engel als Parteipresident an de nächste Walkampf goen?

D’ADR bleift hirer Linn trei a schwätzt sech weiderhi kloer géint eng Finanztransaktiounssteier aus – eng Selbstverständlechkeet, wann ee bedenkt, datt Lëtzebuerg als Finanzplaz am meeschte vun esou enger Steier betraff wär. Och déi onsënneg an ideologesch CO2-Steier an d’Accisenerhéijung komme fir d’ADR net a Fro, genee esou mann wéi d’Ierfschaftssteier an direkter Linn, déi och fir d’ADR en Tabu ass.

D’CSV gëtt als Partei ëmmer méi onberechenbar a ka sech a wichtege Froen net méi op eng Linn eenegen. Gi si an Zukunft och nach beim Vott iwwer d’Budgets- a Steiergesetzer aus der Chamber eraus, esou wéi si et beim CETA gemaach haten, fir sech der Decisioun kënnen ze entzéien?

ADR-Pressematdeelung vum 19. August 2020

Deel dëse Post: