Wouhi féiert d’Dekarboniséierung eis Industrie?

Nodeems den „Haut Comité pour l’Industrie“ nees aus dem Dornrösche-Schlof geholl ginn ass, huet de Fernand Kartheiser e puer brisant Froen un d’Regierung. De Gremium soll an Zukunft nämlech d’Dekarboniséierung vun eiser Industrie begleeden. Dat mécht industriell Produktioun an Europa sécher net méi einfach. D’Corona-Kris hat jo  gewisen , datt d’europäesch Länner hir Industrie misste relokaliséieren, fir net vu wichtege Produkter ofgeschnidden ze sinn, wann d’Logistik net funktionéiert.

 

Fro

An engem Interview am „Écho des entreprises“ seet d’Madamm Ëmweltminister, datt d’Aarbecht vum „Haut Comité pour l’Industrie“ relancéiert gi wär. Säin Haaptamierk wär elo, ënner anerem, fir d’Dekarboniséierung vun der Industrie ze begleeden. Dozou hätt ech e puer Froen, well d’Corona-Kris eis jo virun Ae gefouert huet, wéi wichteg et ass, Europa nees ze re-industrialiséieren a wichteg Industrien hei ze relokaliséieren:

  1. Ass et richteg, datt den „Haut Comité pour l’Industrie“ sech an Zukunft soll prioritär ëm d’Dekarboniséierung vun der Industrie këmmeren? Entsprécht esou eng Approche, déi riskéiert d’industriell Aktivitéit nach méi komplizéiert, méi deier a manner wettbewerbsfäeg ze maachen, den urspréngleche Missioune vun dësem Kommitee?
  2. Wéi eng Industrialiséierungspolitik gesäit d’Regierung fir Lëtzebuerg an deenen nächste Joerzéngten? Wéi eng Secteure solle gestäerkt ginn?
  3. Wéi dacks ass den „Haut Comité pour l’Industrie“ zënter 2013 (oder zënter senger Grënnung, wann déi méi spéit sollt gewiescht sinn), zesummekomm? Wat war säin Apport an deene leschten 9 Joren? Wéi eng Ënner-Kommitéeën huet dat Gremium a wéi si si zësummegesat ?
  4. Wéi eng konkret Resultater hat d’Aarbecht vum „Haut Comité pour l‘Industrie » zënter 2013 ?
  5. Wéi schafft de Comité mat deenen Instanzen zesummen déi sollen d’Dossiere vun Entreprise préiwen, déi sech hei am Land wëllen nidderloossen?

Äntwert

Réponse de Monsieur le ministre de l’Économie, Franz Fayot, à la question parlementaire n°6645 du 10 août 2022 de Monsieur le Député Fernand Kartheiser au sujet de la politique industrielle

 D‘Dekarboniséierung ass de Sujet vun engem vun de véier Aarbechtsgruppen déi zur Zäit am Kader vum

„Haut Comité pour l’industrie“ bestinn. Do gëtt mat de Betriber zesumme gekuckt wéi d’Industrie méi onofhängeg vu fossiller Energie ka ginn. Des Weidere froen d’Client’en vun den Entreprisen ëmmer méi no Produit’en mat niddregen oder kenge CO2 Emissiounen. D’Dekarboniséierung ass deemno kee Risk, mee eng Opportunitéit fir d’Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger a vun der europäescher Industrie z’erhalen. D‘Dékarboniséierung dréit doriwwer eraus dozou bäi fir déi national an europäesch Klimaziler z’erreechen.

Een anere vun de véier Aarbechtsgruppen déi zur Zäit am Kader vum „Haut Comité pour l’industrie“ besti kuckt wéi sech déi Lëtzebuerger Industrielandschaft soll bis 2040 entwéckelen am Kontext vun der Digitaliséierung, der Robotiséierung, der Dekarboniséierung oder vun der Analysen an dem Verschaffe vun Donnéeën (Industrie 4.0). Déi Tendenze kréien een Afloss op d’Entwécklung vun all de Secteure vun der Industrie. Den Aarbechtsgrupp ass amgaangen eng Etude doriwwer ze machen fir ze kucke wéi eng wirtschaftspolitesch Begleetmoossname musse geholl gi fir déi Entwécklung positiv ze begleeden. Wann se bis virleien, fléissen d’Resultater vun der Etude an déi national Industriepolitik an.

Déi zwee weider Aarbechtsgruppe vum Haut Comité pour l’Industrie beschäftegen sech engersäits mat der Entwécklung vun der Industrie a Richtung vun der Kreeslafwirtschaft an anerersäits mat der Gestioun vun de wirtschaftlechen Aktivitéitszonen.

Tëscht Abrëll 2013 an November 2016 ass den « Haut Comité pour l‘Industrie » 5 Mol zesumme komm. An där Zäit sinn a 7 Aarbechtsgruppe Propositiounen ausgeschafft ginn am Beräich Klima/Energie, Geneemegungsprozeduren, Fuerschung an Entwécklung, Gestioun vum Personal, industriell Entwécklung, Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit a Finanzéierung/Besteierung. Dës Aarbechtsgruppe goufe jeeweils vun engem Vertrieder aus der Industrie presidéiert an et hunn och Mataarbechter aus verschiddene Ministèren dra siegéiert. Dës Aarbechtsgruppen hunn am ganzen iwwer 100 Virschléi ausgeschafft fir d’Kompetitivitéit vun den Industriebetriber an hiert wirtschaftlecht Ëmfeld ze verbesseren. Vun 2017 un sinn d‘Aarbechte vum « Haut Comité pour l‘Industrie » am Kader vun der Rifkinstudie weider gefouert ginn. Zanter der Covidpandemie an zanter 2021 ass den « Haut Comité pour l‘Industrie » zwee Mol bei en ee komm.

Eng ganz Partie Recommandatioun vum « Haut Comité pour l‘Industrie » hunn Beuechtung fonnt, respektiv sinn ëmgesat ginn. Op nationalem Niveau waren dat zum Beispill d‘Iwwerschaffe vun den Hëllefsinstrumenter vun der SNCI, d’Schafe vun engem Luxembourg Future Fund, d’Grënne vun engem Institut de la propriété intellectuelle, den „High performance computer“ MeluXina an en Pôle d’Innovation „Composite materials“.

Op europäeschem Niveau si vill Propositiounen direkt vum Wirtschaftsminister am Conseil Compétitivité un d’Kommissioun erugedroe ginn, sief et am Kader vun den Aktiounspläng fir e kompetitiven an nohaltege Stolsecteur oder eng kompetitiv an nohalteg Automobilindustrie an der EU, oder am Kader vun de CO2 Zertifikater, der Präisstabilitéit oder dem Approvisionnement u Gas a Stroum.

Déi zoustänneg Ministèren déi Dossiere vun Entreprise préiwen déi sech zu Lëtzebuerg wëllen nidderloosse sinn am « Haut Comité pour l‘Industrie » vertrueden, dëse beschäftegt sech mat den aktuellen Themen an Erausfuerderunge fir d’Entwécklung vum Industriesecteur zu Lëtzebuerg. Den « Haut Comité pour l‘Industrie » ass net d’Plaz wou eenzel Dossier’en vun esou Betriber analyséiert a beschwat ginn.

 

Deel dëse Post: