Wou steiert eise Gesondheetssystem am Norden hin?

Spideeler ginn zentraliséiert an d’Unzuel vun de Better gëtt monter ofgebaut an daat trotz enger steigender Awunnerzuel. De kranke Mënsch ass zanter Joren veronséchert a gëtt oft eleng gelooss. Dëst ass ënnert der aktueller Gambia-Regierung net besser ginn. Stress, eng sech verschlechternd Qualitéit vum Traitement an extrem laang Waardenzäiten an de Poliklinike sinn déi traureg Konsequenzen. Vill vun eise kranke Matmënsche kënnen heivunner e Lidd sangen. Zu Wolz an Ettelbréck misst an de Polikliniken ee System vum „Tranchement d’urgence“ opgebaut ginn.

Duerch den Ofbau vu Better ass Onrou virprogramméiert. Dozou muss een umierken, datt duerch d’Fusioun vun de Klinicken Ettelbréck a Wolz sech déi medezinesch Versuergung fir d’Léit am Norde verschlechtert huet. Ettelbréck ass leider dem villen Zoulaf net gewuess a Wolz muss dauernd fir alles säin Averständnis zu Ettelbréck anhuelen. Dëst féiert zu onnéidegem Pabeierkrom.

Als Beispill wär hei d’Maternité vu Wolz ze nennen. Obwuel d’Wolzer Maternité exzellent funktionéiert huet an zudeem präméiert war, ass se zougemaach an op Ettelbréck verluecht ginn – mat fatale Folgen. Ettelbréck ass dem Zoulaf net gewuess an dëst féiert dozou, datt déi zukünfteg Mammen sech un aner Klinicken oder souguer un d’Ausland riichte mussen. Kaum ze verstoen.

Méi schlëmm ass allerdéngs, datt och bei de Kanner gespuert gëtt. Eltere mat hire Kanner aus dem Norde mussen sech Weekends oder an der Nuecht un d’Kannerklinik an der Stad riichten. Jidderee weess, datt den Zäitfaktor grad bei der Behandlung vu Kanner eng wichteg Roll spillt an dacks iwwert Liewen an Dout entscheede kann. D’Elteren si veronséchert a gi bei hiren Entscheedungen eleng gelooss.

Och de Pabeierkrich verstäerkt sech ëmmer méi a souwuel d’Fleegepersonal, ewéi och d’Doktere sinn hei dacks iwwerfuerdert. Och wat d’Verwaltung vun der Krankekees ugeet, weess oftmols déi lénk Hand net, wat déi rechts Hand grad mécht. Nieft der medezinescher Betreiung muss den Dokter oft zousätzlech eng Finanzberoodung maachen. Hei kënnt nach dobäi, datt an de Spideeler a bei de Fachdokteren oft kee Lëtzebuergesch geschwat gëtt. Et ass awer numol sou, datt ee seng Krankheetssymptomer am beschten a senger Mammesprooch ausdrécke kann.

D’ADR Norden verlaangt adequat Ustrengungen, fir datt sech fachlech a sproochlech qualifizéiert Dokteren am Norden néierloossen. Déi medezinesch Grondversuergung muss mëttels Allgemengmediziner garantéiert sinn: Och bei der „Maison médicale“ zu Ettelbréck muss sech eppes änneren. Dës muss Deeler vum Oste matversuergen, wat zu enger zousätzlecher Belaaschtung féiert.

Fazit: Et gëtt zwar vill geschwat iwwert déi medezinesch Grondversuergung am Norden, gemaach gëtt awer häerzlech wéineg. Am Norde vu Lëtzebuerg däerf een ausserhalb vun de normalen Aarbechtszäiten net krank ginn, soss kann een sech op sou munches astellen. Et huet een d’Impressioun, wéi wann den Déierendéngscht besser organiséiert wär, ewéi den Déngscht um Mënsch.

Pressematdeelung vun der ADR Norden vum 18. Dezember 2017

Deel dëse Post: