Wirtschaftleche Schued, duerch falsch Infoën: an dann?

An enger gemeinsamer Fro wëllen déi zwee ADR-Deputéierte Jeff Engelen a Fernand Kartheiser gewuer ginn, wéi international Gesondheetsstatistiken erstallt ginn. Et geet drëm, datt beim Corona-Virus China, Taiwan an Macao statistesch als e ganzt behandelt gi sinn, obwuel d’Situatioune ganz verschidde sinn. D’Fro ass, wie fir de Schued vun Entreprisen opkënnt, déi verschidden Decisiounen op Grond vun esou Statistike geholl hunn … z.B. de wirtschaftleche Kontakt mat Taiwan anzeschränken, obwuel d’gesondheetlech Situatioun do kaum vum Virus beaflosst ass.

Deel dëse Post: