Wien kann de volle RMG an engem bestoende Stot kréien ?

Kann een an engem bestehende Stot wunnen, an trotzdem an de Genoss vum RMG komme wéi wann een eleng wunnt? Dës parlamentaresch Fro stellt de Fernand Kartheiser, nodeems d’Familljeministesch des Méiglechkeet am Kader vun der Flüchtlingskris ernimmt huet.

Beim RMG gëllt am Prinzip d’Zesummesetzung vum Stot (Haushaltsgemeinschaft oder communauté domestique). Den éischten Erwuesse kritt aktuell 1.348,18 Euro, zwee Erwuessener déi zesummeliewen 2.022,27 Euro, an et gëtt 385,73 Euro fir all weideren Erwuessenen.

An enger parlamentarescher Fro (QP 1400) hunn zwee Sozialiste suggeréiert, op et net méiglech wär, wann eng Famill Flüchtlinge géife bei sech ophuelen, datt dës da fir den RMG, als separate Stot (communauté domestique à part) géife betruecht ginn. Domat kéint dann de volle RMG ausbezuelt ginn.

An hirer Äntwert op d’Fro 1400 huet d’Integratiounsministesch uginn, datt dat aktuellt Gesetz iwwert den RMG dës Méiglechkeet, ënner bestëmmte Konditiounen, elo schonns zouléisst. Gëllt dës och fir net-Flüchtlingen ?

Deel dëse Post: