Wie verschafft dat geschosse Wëld?

Traditionell genéisse vill Lëtzebuerger Bierger d’Juegdsaison mat engem entspriechende Plat am Restaurant. Grad zu der kaler Wanterzäit stellen déi kräfteg Moolzechte wéi Hirsch oder Wëllschwäin en ideale Genoss duer. Fir vill Leit ass dës schéi Säit vum Hierscht a fréie Wanter duerch d’Willkür vun der Regierung dës Joer awer an d’Waasser gefall. Well si sech an der COVID-Politik eng eege Meenung gebillt hunn, hunn si missen (a mussen si) dobausse bleiwen. Op där enger Säit eng Katastroph fir déi betraffe Restaurateuren, déi der Regierung hir Rechnung dierfe bezuelen, op där anerer Säit gebitt de Bestandsschutz et, datt weiderhi geschoss gëtt. Huet d’Regierung sech op mannst mat der Fro befaasst, wéi déi geschosse Bestänn alternativ kënne verschafft ginn?

Deel dëse Post: