WHO-Pandemievertrag: Enn vu Souveränitéit a Fräiheeten?

Hei ass déi parlamentaresch Fro betreffend Pandemiekonventioun vum honorabelen Députéierten Jeff Engelen.

Här President,

esou wéi d’Chamberreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Wärend der Coronakris goufen déi Moossnamen, déi vun dene verschiddene Länner geholl goufen, staark vun der WHO an der EU, respektiv vun europäeschen Organismen, beaflosst. D’Roll vun der WHO wor besonnesch wichteg a mat groussem Interessi ginn déi Diskussiounen observéiert, déi dozou solle féieren der WHO eventuell méi Kompetenzen zouzegestoen.

Am Kader vun der Weltgesondheetsorganisatioun gëtt aktuell un zwee internationalen, juristeschen Instrumenter geschafft (de Weltpandemievertrag an den Internationale Reglement iwwer sanitär Froen) déi d’Pouvoiren vun der WHO bei gesondheetlechen Noutfäll, wéi z.B. enger  Pandemie, sollen nei reegelen.  Verschiddene Publikatiounen no sollen déi Aarbechte bis de  Mee 2024 ofgeschloss ginn.  Eng Rei vun deenen aktuell méigleche Neierungen ginn awer och kritesch gesinn, well si, an den An vun hire Kritiker, zu engem Ofbau vun demokratesche Fräiheete a Souveränitéitsrechter  kéinte féieren.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  • Wéi ass den aktuelle Stand vun den Aarbechten? Bis wéini sollen déi Dokumenter faerdeg verhandelt ginn? Handelt et sech em Konventiounen déi vun denen nationale Parlamenter solle ratifizéiert ginn? Wien verhandelt fir Lëtzebuerg: ass dat eng national Delegatioun oder probéiert d’EU-Kommissioun am Numm vun de Memberstaaten ze verhandelen? Wa jo, opgrond vu wéi enger rechtlecher Basis?
  • Ass d’Regierung prinzipiell domat d’accord, datt Souveränitéitsrechter sollen un d’WHO delegéiert ginn, esou datt si kéint de Staaten politesch oder aner Moossnamen, besonnesch am sanitäre Beräich, virschreiwen? Gëtt et Dispositiounen an denen aktuelle Verhandlungen déi esou eng Méiglechkeet virgesinn an, wa jo, wéi steet d’Regierung dozou? Kéint d‘Regierung sech virstellen, datt d’Weltgesondheetsorgansiatioun an d’Budgetsrechter vun der Chamber géing agräifen, z.B. doduerch, datt d’Staaten géingen opgefuerdert ginn e bestëmmte Prozentsaz vun hirem Bruttoinlandsprodukt fir d’Bekämpfung vun enger Pandemie auszeginn?
  • Wéi steet d’Regierung zu enger méiglecher Erweiderung vum Geltungsberäich vun den internationale Gesondheetsreglementer an dem Sënn, datt si an Zukunft och kéinten bei Szenarii applicabel ginn, déi nëmmen e „potenzielle“ Risiko fir déi ëffentlech Gesondheet kéinten duerstellen, ouni datt esou e Risiko awer schonn agetratt wär? Wär esou eng Kompetenzerweiderung net gläichbedeitend mat enger bal permanenter Internationaliséierung vun der Gesondheetspolitik, well wuel zu all Zäitponkt iergendwellech gesondheetlech Risike kënne bestoen?
  • Wéi steet d’Regierung zu där Iddi der WHO d’Kompetenz fir d’Allocatioun vu gesondheetspolitesch relevante Produkter un d‘Staaten ze ginn? Wär dat net eng Aushiewelung vun der nationaler Souveränitéit vun de Staaten an e Broch mat demokratesche Prinzipien, well, anecht wéi eng national Regierung, d’WHO net direkt demokratesch kontrolléiert ass?
  • Besteet de Risiko, datt d’WHO Kompetenze kritt déi an d’Fräiheetsrechter vun denen Eenzelenen agräifen? Soll si z.B. dat Recht kréien, eng Impfung, Contact tracing, Isolatiounen asw.  vun de Staaten ze verlaangen an ze kontrolléieren?  Wa jo, wat ass d’Positioun vun der Regierung? Ass si bereet esou Agrëffer an déi verfassungsméisseg garantéiert Grondrechter vun de Bierger duerch eng internatiuonal Organisatioun ze akzeptéieren?
  • Wéi steet d’Regierung zu där Iddi der WHO Kompetenzen am Beräich vun der Reesfräiheet ze ginn, z.B. iwwert de Wee vun der Aféierung vun elektroneschen Impfzertifikater? Gesäit si e Spannungsverhältnis mam Dateschutz?
  • Ass d’Regierung der Meenung, datt eleng déi lëtzebuergesch Regierung, am Accord mat der Chamber, iwwer Moossnahmen hei zu Lëtzebuerg kann decidéieren, ewéi z.B. e Lockdown, Agrëffer an d’Economie, Ausgangsspären, d’Organisatioun vum Gesondheets- a vum Schoulwiesen, an datt all Beaflossung duerch auslännesch Staaten, europäeschen an internationalen Organisatiounen zeréck ze weisen ass?
  • Wéi steet d’Regierung zu där Iddi datt e Gremium vun der WHO kéint engem Staat eenzel Moossname virschreiwen, respektiv Moossnamen annuléieren, déi dat Land geholl hätt?
  • Wéi steet d’Regietung zu der Finanzéierung vun der WHO?
  • ass si prinzipiell der Meenung, datt ee vun enger privater Finanzéierung misst ewech kommen fir d’WHO exklusiv duerch Staaten finanzéieren ze loossen, z.B. nom Schlëssel dee schonn an aneren Organer vun der UN-Famill applicabel ass?
  • ass si der Meenung, datt d’WHO net soll vu sech aus d’Autoritéit kréien Verträg mat der Pharmaindustri ofzeschléissen, mee datt all Staat muss kënnen decidéieren u wéi enge Verhandlungen e sech wëll associéieren? (D’Iddi wär hei also kloer, datt näicht enger internationaler Zësummenaarbecht soll am Wee stoen, natierlech och net iwwert oder mat der WHO, mee datt d’Souveränitéit vun de Staaten net daerf a Fro gezu ginn.)
  • Wéi steet d’Regierung zu där Iddi der WHO en Zensurrecht ze ginn, z.B. fir esou genannten „Desinformatiounen“ iwwer Impfstoffer an hir Niewewierkungen ze ënnerbannen? Ass si bereet zu all Abléck fir eng pluralistesch Meenungsfräiheet anzestoen, och am Fall vun enger Pandemie? Ass d’Regierung der Meenung, datt zu all Abléck déi wëssenschaftlech Diskussioun muss erlaabt sinn, inklusiv engem argumentéierten Hannerfroën vun Impfstoffen oder Medikamenter an hire Niewewierkungen? Ass si där Meenung, datt zu all Abléck Kritik un der WHO an hirer Politik, inklusiv am Kader vun enger Pandemiebekämpfung, muss erlaabt sinn, speziell och an alle Medien?

 

Hei fannt dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: