Wëll d´Regierung Meenungspluralismus ënnerbannen?

Kierzlech huet den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), deen en Ofkommes mam Educatiounsministär huet, en „Propaganda-Guide“ erausginn, dee fir d´Leit kläre soll, ob et sech bei enger Äusserung, egal vu wat fir enger Form, ëm eng Informatioun oder eng Manipulatioun handelt. Et ass bedenklech, wéi onvirsiichteg dësen Test mat senger extrem vereinfachter Erugoensweis mat deem komplexen Thema ëmgeet.

De Fernand Kartheiser wëll dofir wëssen, wéi wäit d´Regierung beim Ausschaffe vun deem „Propaganda-Guide“ involvéiert war; wéi si zu deem Test an der Auswiel vun de Froe steet; ob si dësen an Zukunft iergendwou (z.B. an de Schoulen) benotze wëll; asw.

 

Deel dëse Post: