Wéini kritt een eng Kopie vun der groer Kaart?

Zu Lëtzebuerg kann een ënner bestëmmten Ëmstänn eng Kopie vun der groer Kaart ufroen. Jee nodeems ass deen Zerwiss mat enger Taxe verbonnen, zum Beispill well een d’Dokument aus Noléissegkeet verluer huet. Fir de Fall, datt den Auto geklaut gëtt an d’Dokument wat wéi virgeschriwwen dra louch mat fort ass, brauch een näischt ze bezuelen. Falls den Auto allerdéngs zerstéiert gëtt, zum Beispill wéinst engem Feier am Parkhaus, ginn awer weiderhi 50 Euro fälleg. Firwat geet d’Gesetzgebung hei net allgemeng vun engem “cas de force majeur” aus?

Deel dëse Post: