Wéini kritt Dippech endlech säi Contournement?

Säit Joerzéngte waart Dippech op seng Ëmgeeungsstrooss. An deem Zesummenhang huet de lokale Verkéiersschäffen an DP-Deputéierte Luc Emering wuel onbeduecht en oppent Geheimnis erausgepotert, wat zwar all Mënsch konnt gesinn, deen sech net bewosst blöd gestallt huet, wat vu Politik a steierfinanzéierte Journaliste awer trotzdeem kontinuéierlech a vehement ofgestridde gouf: Leit déi mam Auto fueren, gi bewosst gedirängelt, fir si fräiwëlleg op den ëffentlechen Transport ze zwéngen. Wou ass d’Ëmgeeungsstrooss drun a wéi steet se am Zesummenhang mat där inoffizieller Verkéierspolitkik? De Fred Keup an de Michel Lemaire leeën de Fanger an d’Wonn:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm  Verkéiersminister weiderzeleeden.

Säit Joerzéngte gëtt eng Ëmgeeungsstrooss fir d’Gemeng Dippech diskutéiert. Besonnesch den Duerchgangsverkéier gëtt ëmmer méi zur Belaaschtung fir déi verschidden Uertschaften. Déi Gemengeresponsabel ginn dovun aus, datt d’Situatioun sech mat der Fäerdegstellung vun der Ëmgeeungsstrooss vu Käerjeng nach weider verschlëmmere wäert.

Den aktuelle Koalitiounsvertrag schwätzt an allgemengen Termen dovun, Ëmgeeungsstroosse kohärent ze koordinéieren an do wou méiglech, ze beschleunegen. De Schäffe Luc Emering gëtt zu den Ursaache, firwat d’Awunner well e scho sou laang op Entlaaschtung waarden, ënner anerem mat follgende Wierder zitéiert: “Es entspreche der nationalen Verkehrsstrategie, „den Verkehrsfluss immer komplizierter zu gestalten und die Leute zu nerven, die mit dem Auto fahren, sodass sie freiwillig gezwungen werden, auf den öffentlichen Transport umzusteigen“.

An deem Zesummenhang géife mir der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Wéi vill Gefierer notzen duerchschnëttlech d’Haaptachsen zu Dippech? Kann d’Madamm Minister den Typ vu Gefier (Auto, Camion asw) preziséieren?
  • Kann d’Madamm Minister en Iwwerbléck presentéieren, wéi eng Variante fir eng Ëmgeeungsstrooss am Laf vun de Jore gepréift goufen, wéi eng Etuden dozou gemaach goufen a wéi eng Conclusioune jeeweils gezu goufen?
  • Ënnerhëlt d’Madamm Minister aktuell aktiv Virbereedungsaarbechte fir de Bau vun enger Dippecher Ëmgeeungsstrooss? Falls jo, a wéi engem administrative Stadium sinn d’Aarbechten aktuell drun? Falls net, firwat net?
  • Am Wort gëtt och eng Tunnelvariant als Iddi genannt. Kéint d’Madamm Minister sech virstellen, op dee Wee ze goen, an an deem Sënn och Erfarungswäerter fir aner Gemengen ze sammelen, déi säit Joerzéngten op eng Ëmgeeungsstrooss waarden?
  • Wéi steet d’Madamm Minister zu den Aussoe vum Dippecher Schäffen? Gehéiert et zu der Verkéierspolitik vun dëser Regierung, déi individuell Mobilitéit bewosst méi onattraktiv ze maachen an Ëmgeeungsstroosse bewosst ze verzögeren?

 

Deel dëse Post: