Weiderbildungscourse beim INFS

Virun der Reform vum Rettungsdéngscht war et esou, datt Leit, déi am ëffentlechen Déngscht geschafft hunn a Course bei der Verwaltung vun de Rettungsdéngschter gemaach hunn, dës Course ganz einfach als Weiderbildung ugerechent kruten. Elo soll et sou sinn, datt dëst net méi méiglech ass an datt Leit, déi ee Cours beim INFS (Institut National de Formation des Secours) absolvéieren, sech selwer beméie mussen, fir dës Weiderbildung eventuell beim INAP (Institut National de l’Administration Publique) unerkannt ze kréien. Anerersäits mussen déi Leit, déi haaptberufflech beim CGDIS schaffen, dës Démarchë beim INAP net ënnerhuelen. Si kréien hir Coursen, déi si beim INFS beleeën, automatesch vum ëffentlechen Déngscht unerkannt. Firwat gëtt et elo, wéi et schéngt, dësen Automatismus net méi?

Deel dëse Post: