Wéi wichteg ass ”Subside Qualité Plus” fir Sportsveräiner ?

Hei fannt dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Jeff Engelen.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

De Subsid “Qualité Plus” ass geduecht fir Sportsveräiner, déi bei enger agreéierter Sportfederatioun affiliéiert sinn a jonken Athleten eng héichwäerteg Ënnerstëtzung ubidden.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Wéi vill Veräiner hunn dëse Subsid am Joer 2024 ugefrot, opgelëscht no Sportaart?
  • Wéi vill Veräiner hunn dëse Subsid net ugefrot?
  • Aus wéi enge Grënn hunn déi Veräiner de Subsid net ugefrot?
  • Wéi vill Veräiner kruten deen net accordéiert? Aus wat fir enge Grënn?

 

Mat déiwem Respekt,

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: