D’EU wëll e Reglement huelen, deen d’Ofholze vum Reebësch verhënnert. Als Zil eng super Saach, mee amplaz um eegenen diplomatesche Feld aktiv ze ginn, kréien alt nees eng Kéier d’Betriber de schwaarze Péiter zougespillt. Si dierfe keng Produite méi importéieren, fir déi säit 2020 Reebësch ofgeholzt ginn ass. D’Fro, wou si déi entspriechend Donnéeë sollen hierkréien, besonnesch aus Länner mat enger tendenziell manner organiséierter Verwaltung, interesséiert déi héich Häre Bürokraten zu Bréissel awer éischter wéineg. D’EU-Parlament huet elo probéiert d’Noutbrems ze zéien an déi schlëmmst Dispositiounen aus dem Reglement erauszehuelen an och d’Applikatioun ëm ee Joer ze verréckelen. Elo mussen allerdéngs nach d’Ëmweltministeren deem zoustëmmen. Wäert de Serge Wilmes séier fir Kloerheet fir eis Betriber suergen?