Wéi vill verdéngt de Staat selwer un der Post?

D’POST steet wéinst den Niddregzënse finanziell ënner Drock a muss eng Rei Moossnamen huelen, fir deem entgéint ze wierken. Säit dem 1. Januar musse Cliente vu Postscheckkonten zousätzlech Fraise bezuelen an uechter d’Land ginn ëmmer méi Postbüroen zou, wat en immensen Effet op d’Liewesqualitéit an dat soziaalt Liewen am ländleche Raum huet. Ass d’Regierung als 100 Prozent Aktionär vun der Post an deem Kader bereet, bis op Weideres op eng Dividend ze verzichten, fir de Betrib net weider ze belaaschten?

Deel dëse Post: