Ëmmer méi Farschüler falen duerch de prakteschen Examen. De Stress geet vu vir lass. Wou kënnt déi negativ Entwécklung hir? D’Madamm Minister verstoppt sech wéi sou dacks am léifsten hannert EU-Normen, sou wéi och schonn hire Virgänger François Bausch. Ma d’ADR léisst net labber a leet weiderhin de Fanger an d’Wonn, sou och mat enger neier parlamentarescher Fro vum Norddeputéierte Jeff Engelen:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro Nummer 2195 vum honorabelen Deputéierte Sven Clement schreift d’Madamm Minister, datt d’lescht Joer 46,8 Prozent vun de Kandidaten déi fir e praktesche Fürerschäinsexamen an den ënnerschiddleche Kategorien ugetruede waren, duerchgefall sinn. Am Artikel “Fast 50 Prozent fallen durch” zum selwechten Thema, deen den 20. Mee am Tageblatt publizéiert gouf, gëtt am Bezuch op den Exame fir den Autosfürerschäin esou guer preziséiert, datt d’Quote fir Leit déi op mannst eng Kéier duerchgefall sinn, ouni Conduite accompagnée esou guer bei 58,1 Prozent louch, mat Conduite accompagnée ëmmer nach bei 45,2 Prozent. D’Duerchfallquote schéngt bei méi erfuerene Chaufferen, déi sech op eng zousätzlech Kategorie wéi Bus oder Camion bewerben, also e gutt Stéck méi niddreg ze leien, wéi bei jonke Leit, déi déi éischte Kéier selwer op der Strooss mussen eens ginn.
D’Madamm Minister schreift an der Äntwert op déi uewe genannten, parlamentaresch Fro, datt aktuell d’Publikatioun vun där neier EU-Fürerschäinsdirektiv ofgewaart gëtt, déi ënner anerem eng besser Virbereedung vun de Kandidate virgesäit, ouni awer dozou weider Detailer ze nennen. D’Tageblatt schreift dozou, datt déi theoretesch Prüfung an de leschte Jore vereinfacht gouf, an datt ënner anerem kee Questionnaire à choix multiples méi muss bestane ginn. De Verband vun de Fahrlehrer gesäit och hei eng potenziell Ursaach, well d’Froe just auswenneg geléiert ginn awer d’Verständnis fir déi praktesch Uwennung feelt.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- A wéi engem Joer gouf déi aktuell Form vum theoretesche Fürerschäinsexamen agefouert?
- Wéi steet d’Madamm Minister zu der Analyse vum Fahrlehrerverband, datt de vereinfachten theoreteschen Examen zu enger méi héijer Duerchfallquote beim prakteschen Exame gefouert huet?
- Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi d’Duerchfallquote beim theoreteschen Exame fir den Autosfürerschäin sech déi lescht fënnef Joer wärend deenen nach mam ale Questionnaire à choix multiples geschafft gouf, sou wéi vun der Ëmstellung bis zum Joer 2024 inclus, duergestallt huet? Kann d’Madamm Minister an deem Sënn preziséieren, wéi vill Kandidate méi wéi eng Kéier hu missen nei untrieden?
- Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi d’Duerchfallquoten beim praktesche Fürerschäinsexame sech fir all Kategorie, beim Auto och differenzéiert no Conduite accompagnée vun 2018 bis 2024 entwéckelt huet an an deem Sënn preziséieren, wéi vill Kandidate jeeweils méi wéi eng Kéier hu missen nei untrieden?