Wéi vill kascht d’Entwécklungshëllef wierklech?

D’Fro héiert sech einfach un: Wéi vill bezillt Lëtzebuerg fir d’Entwécklungshëllef? Eis Land, dat trotz de ville Steiererhéigungen a gestrachene Leeschtungen (bei der Familljepolitik) all Joer eng Milliard Euro Schold mécht, gehéiert bei der Entwécklungshëllef zu deene Länner op der Welt, déi am meeschte bezuelen, wäit méi wéi déi 0,7 Prozent vum Bruttonationalkommes, déi als magesch Grenz ugesi ginn, awer zum Beispill vun Däitschland däitlech verfeelt ginn.

D’Lëtzebuerger Regierung geet vill méi wäit: Si rechent vill Ausgaben, déi no internationale Regelen Entwécklungshëllef sinn (z.B. bei Klima-Moossnamen, der Schoul a bei Flüchtlingshëllef), net ënnert dee Posten mä an en aner Deel vum Budget. Dat ass, wéi wann Dir z.B. doheem 200 Euro de Mount fir Ären Auto géingt aplangen, dann awer d’Autoversëcherung wéi eng Haftpflicht zielt, fir méi Sue fir Aluminiumsfelgen ze hunn.

Fir Kloerheet an deen Dossier ze kréien, huet de Fernand Kartheiser schonn am November eng parlamentaresch Fro gestallt: Déi gouf deelweis beäntwert, villes awer mam Verweis op de politesche Wëllen vun der Regierung einfach ënnert den Teppech gekiert. An dofir huet de Fernand Kartheiser elo eng nei Fro gestallt, fir endlech objektiv Zuelen op den Dësch ze kréien.

Deel dëse Post: