Wéi vill Autoen verdroen Housen an Hengescht?

De Gast Gibéryen huet nogefrot, wéi wäit d’Regierung mat de Contournements-Pläng fir d’Contournementen vun Housen an Hengescht. Am Fall Hengescht waren do jo schonn Viraarbechte gemaach ginn. D’ganz Verkéierssituatioun op der N7/E420, och oder grad no der Fäerdegstellung vun der Nordstrooss ass net grad ugedoen fir an deenen zwee Dierfer méi Liewensqualitéit oder Sécherheet fir d’Bierger ze maachen. D’Ëmfuerstroossen wären hei batter néideg awer d’Regierung huet béid Projeten net als prioritär agestuft, wéi et an der Äntwert op dem ADR-Deputéeirte seng Fro heescht.

An enger aner Fro ass d’ADR kategoresch. D’Regierung plangt, op der N7 d’eespuereg Säit mat enger kalifornescher Mauer vun der zweespuereger Säit ze trennen. Dat ass net genuch, hat de Gast Gibéryen den 12. Oktober an der Chamber gemengt: D’N7 misst op all Säit zweespuereg ausgebaut ginn fir dem Verkéier vun haut ugepasst ze sinn.

Deel dëse Post: