Wéi vill Aarbechtsplaze kascht Corona?

D’Moossnamen an d’Restriktiounen an der Covid-Zäit bréngen onweigerlech Konsequenze mat sech. Dës Konsequenze betreffen, ënner anerem, de sozialen an den ekonomesche Volet. Fir vill Betriber ass ongewëss, ob si dës Kris iwwerliewen. Domat stinn natierlech och e ganzen Deel Aarbechtsplazen op der Kipp. Dëst ass eng grouss Belaaschtung fir déi betraffe Leit.

Wéi weist sech déi aktuell Situatioun vum „normalen“ Chômage? Rechent d’Regierung mat enger Hausse an de kommende Méint? An envisagéiert si speziell Moossnamen an Dispositiounen, fir deem entgéintzewierken? Dës an nach weider Froe riicht den Deputéierte Jeff Engelen un den Aarbechtsminister.

 

Deel dëse Post: