Wéi verdréit sech “Naturschutz Fleesch” mat Veviba?

Och wann um Internet de Label Naturschutz Fleesch nach ëmmer als Eegentum vun der Lëtzebuerger Naturverwaltung steet (Photo ënnen), gëtt dat an der Äntwert op eng dréngend parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser ofgestridden. Mee méi wichteg sinn déi aner Informatiounen, déi an der Äntwert stinn. 1.400 Randbéischter aus Lëtzebuerg sinn 2017 zu Baaschtnech geschluecht ginn, dovun 230 fir de Lëtzebuerger Labe “Naturschutz Fleesch”. An un eng Entschiedegung fir d’Lëtzebuerger Bauere gëtt net geduecht. Als Gronn, firwat “Naturschutz Fleesch” am Ausland huet musse geschluecht ginn, gëtt uginn, datt kee Lëtzebuerger Schluechthaus kapabel gewiescht wier fir d’Ranner integral ze verschaffen. Deen Deel vun der Äntwert rifft awer d’Lëtzebuerger Schluechthaiser op de Plang: Si hätte schluechte kënnen, hunn awer net geduerft, heescht et an der Press. A prompt gëtt vun der Regierung  nees den ale Plang vun de mobile Schluechthaiser aus dem Tirang geholl. 

Den 8. Mäerz, nodeems de Skandal ëm déi Baaschtnecher Schluechterei publik gi war, hat d’Lëtzebuerger Naturverwaltung, d’Schluechten an der Belsch gestoppt. D’ganz Fleesch, wat ënnert deem Label verkaf gëtt, war duerch déi Schluechterei gaangen. An der Äntwert kënnt och d’Konfirmatioun, datt d'”Naturschutz Fleesch” aus de Regaler geholl ginn ass an aktuell net verkaf gëtt.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser hat eng Rëtsch Froen un d’Ëmweltministerin, d’Gesondheetsministerin an den Minister fir Landwirtschaft a Konsumenteschutz gestallt. 

Deel dëse Post: