Wéi stabil sinn d’Gemengefinanze wierklech?

D’Situatioun vun de Gemengefinanzen huet Ufanks Juni fir eng Rei Diskussioune gesuergt. Duerch d’COVID-Krise hunn d’Gemengen insgesamt 210 Milliounen Euro manner Recettë gehat, wéi ursprénglech virgesinn. Den Defizit ass vun 52 Milliounen Euro am Joer 2019, op 128 Milliounen am Joer 2020 geklommen. Op all déi Scholde mussen Zënse bezuelt ginn, déi riskéieren, de Spillraum vun zukünftege Budgeten anzeschränken. Dobäi kommen natierlech d’Zënsen op bestoend Scholden. Trotzdeem fënnt d’Madamm Minister, datt d’Gemengefinanze “stabil” wieren. Wéi realistesch ass dës Approche?

Deel dëse Post: