Wéi sou schwätzt de Bausseminister net mam polneschen Ambassadeur?

De Bausseminister Jean Asselborn schéngt seele Bedenken ze hunn, sech mat Regierung ronderëm d’Welt weisen, wou d’Mënscherechter a Wäerter wéi Pressefräiheet net esou genee geholl ginn. Et gëtt och net gezéckt, d’Verhandlunge mat der Tierkei nees opzehuelen, wou notamment d’Kurde verfollegt ginn an Ankara net zëmperlech mat der Press ëmgeet!

Gëtt awer an Europa eng Partei gewielt déi sech fir konservativ Wäerter staark mécht, da spillt de Lëtzebuerger Ausseminister groussen Ierger vir an en zéckt net, déi schäerfste Waff am Arsenal aus dem EU-Traité an d’Vitrine ze stellen! Esou soll Polen, wou d’Partei fir Recht a Justiz (PiS) vum Wieler eng absolut Majoritéit zougesprach krut, vum Walrecht an den europäesche Gremie suspendéiert ginn!

De polneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg (Polen ass ee vun de seelene Länner déi nach eng Ambassade zu Lëtzebuerg ënnerhalen) huet, wéinst dem Dissens („Verstimmungen“) en Termäin beim Lëtzebuerger Bausseminister ugefrot, wëll et sech um diplomatesch Parquet passt, mateneen ze schwätze wa Problemer optauchen. D’Gespréich gouf nach viru Chrëschtdag ugefrot, bis zum Dräikinneksdag hat den Ambassadeur nach keng Äntwert. Dëst ass e Verstouss géint déi diplomatesch Geflogenheeten an och géint déi elementar Héiflechkeet.

An deem Kontext huet de Fernand Kartheiser dem Bausseminister eng parlamentaresch Fro gestallt.

Aus der Äntwert geet ervir, datt den Ambassadeur schlussendlech den 20. Januar am Bausseministère empfaange ginn ass.

Deel dëse Post: