Wéi reagéieren am Fall vun enger terroristescher Menace?

Wéi reagéiert eis Force publique, wann ee vun Terroristen entféierte Fliger op e voll besate Fussball-Stadium zouflitt? Ofschéissen oder net? Wëll ee Mënschen opferen, fir soumat vill méi Mënschen d’Liewen ze retten? Et ass ze hoffen, datt den Zeenario vun enger terroristescher Menace aus der Loft ni wäert antrieden. Trotzdeem ass d’Politik verflicht, och fir esou e Fall kloer gesetzlech Reegele festzeleeën an et däerf ee sech virun där Verantwortung net drécken, esou de Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 28. Februar 2018.

Den ADR-Deputéierte schwätzt sech – entgéint der Meenung vun der Regierung – dofir aus, datt et a sou engem Fall muss méiglech sinn, en Oofschossbefeel auszeschwätzen, fir esou nach méi grouss an tragesch Verloschter verhënneren ze kënnen.

Deel dëse Post: