Wéi grouss ass den Impakt vun der Gadderscheier?

Um Site vun der Gadderscheier sti siwe verschidden Deponien. Et ass eng vun de gréissten Industriezonen am Land, an hei fënnt ee méi wéi ee problematasche Betrib.

De Kaméidi, d’Loftverschmotzung an d’Verknaschtung vu Grondwaasser a Buedem sinn e grousse Problem fir d’Awunner vu Suessem an Zolwer, déi sech dowéinst schonn zënter Jore bei der Gemeng Suessem beschwéieren. D’Gemeng selwer seet, si wier net responsabel, et misst een eng Plainte beim Ëmweltministère maachen.

Aus deem Grond hunn de Fernand Kartheiser an de Fred Keup eng Rei Froen un d’Ëmweltministesch gestallt, fir gewuer ze ginn, ob hei den Impakt op d’Ëmwelt, op d’Gesondheet an d’Liewensqualitéit vun de Bierger kontrolléiert gëtt a wéi sech déi Situatioun weist.

 

Deel dëse Post: