Wéi gesinn d’Lëtzebuerger d’Migratiounskris: d’Fro gouf zensuréiert !

Am Optrag vum vum Familljen- an Immigratiounsministère gouf e Sondage gemaach, wéi d’Lëtzebuerger – oder méi korrekt d’Awunner aus dem Grand-Duché – d’Ukomme vun de ville Réfugiéen zu Lëtzebuerg gesinn. Well, ënner anerem, d’Äntwerten net opgeschlësselt sinn tëscht Lëtzebuerger an auslännesche Matbierger well de Fernand Kartheiser iwwert eng parlamentaresch Fro weider Detailer wëssen. Dobäi geet et ënner anerem em de geneeë Wuertlaut vun de Froen an em d’Äntwerte vun de Lëtzebuerger Staatsbierger.

Nodeems d’Fro an d’Chamber eragereecht gouf, huet d’Chamber en Hoer an der Zopp fonnt! Hei en Extrait vum Mail un de Fernand Kartheiser:

Ech schreiwen Iech wéinst Ärer Fro Nummer 1539 iwwert de Sondage “L’opinion publique face à l’afflux de réfugiés au Luxembourg”.
En Deel vun der Fro ass als Kommentaire betruecht ginn an déi si jo laut eisem Reglement net recevabel. (Artikel 79(2) )
Dir gitt deemno gebieden déi dräi lescht Zeile vum 4. Pargraph ze sträichen:

An dem Sondage goufen d’Froe « ponderéiert », z.B. fir d’Äntwerte vun auslännesche Matbierger oder auslännesche befrote Leit statistesch méi staark géintiwwer hirer reeller Vertriedung an der statistescher Basis (am „échantillon“) ze bewäerten. Wéi sou dacks goufen d’Froen anscheinend ganz allgemeng iwwer Telefon oder um Spaweck u „Residenten“ gestallt, wat heescht, datt d’Meenung vun de wahlberechtegte Lëtzebuerger net ëmmer däitlech ze erkennen ass, heiansdo och guer net. Bei sou statistesche Methoden ass natierlech ëmmer eng gewësse Gefor vu bewossten oder onbewosste falschen Interpretatiounen net auszeschléissen.

Hei den Text dee gestrach gouf: , wat heescht, datt d’Meenung vun de wahlberechtegte Lëtzebuerger net ëmmer däitlech ze erkennen ass, heiansdo och guer net. Bei sou statistesche Methoden ass natierlech ëmmer eng gewësse Gefor vu bewossten oder onbewosste falschen Interpretatiounen net auszeschléissen.

Deel dëse Post: