De Bausseminister Asselborn war bis elo net bereet, d’Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ofzebriechen. Op där anerer Säit gehäit hien der Tierkei am Kader vum Syrienasaz e klore Broch vun der UN Charta vir. Wéi dat soll zesummepassen, wëll de Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro gewuer ginn.