Wéi eng Zukunft fir déi historesch Gare zu Ettelbréck?

An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Fred Keup weisen d’Kulturministesch an de Minister fir Ëffentlech Bauten drop hin, datt dem Aloyse Kayser säi Gebuertshaus als Lieu de mémoire national schützenswäert ass. Trotzdeem géifen et sécherheetstechnesch Grënn fir d’Ofrappe vun deem Haus ginn: “Fir d’Entwécklung vun der Eisebunn an d’Sécherheet vum Schinneverkéier, wéi och déi vun Drëttbewunner nieft der Eisebunnsstreck ze garantéieren, kann dëst Gebai net erhale bleiwen.”  Och déi eelste Gare vum Land, d’Gare vun Ettelbréck, wäert ofgerappt ginn, obschonns d’Commission des Sites et monuments drop higewisen huet, datt dëst Gebai schützenswäert ass.  Wier et net méiglech, d’Barrièreshaische vu Miersch wéi och d’Gare vun Ettelbréck Stee fir Steen ofzebauen an op anerer Plaz, evtl. am Fond-de-Gras, naturgetrei erëm opzeriichten?

Deel dëse Post: