Wéi eng Vëlospiste vum Cents op de Kierchbierg?

D’Stad Lëtzebuerg plangt un enger Vëlospiste, déi de Quartier Cents mam Plateau vum Kierchbierg soll verbannen. De Projet vun der Bréck iwwert d’Neiduerf gëtt dobäi awer staark vun den Awunner konadréiert. Dës proposéieren eng Alternativ, déi eng Piste nieft dem Contournement virgesäit, an déi zum Deel op d’Infrastruktur vun der Autobunn iwwert den Dall bei der Kalchesbréck zréck gräift. Dës Piste wär dobäi nach vill méi Praktesch, wëll se um Kierchbierg méi no beim Kino a groussen Akafszenter eraus kéim.

Dowéinst huet de Roy Reding, Zentrumsdeputéierten, dem Minister fir Infrastrukturen eng parlamentaresch Fro gestallt.

Deel dëse Post: