Regierung zum Terror: keng reell mee nëmmen eng “abstrakt” Menace…

Leider heefen sech an deene leschte Méint terroristesch Attentater, déi mat engem “Ramm-Gefier” (Auto, Camionnette, Camion) ausgefouert ginn, andeems d’Attentäter mat esou engem Gefier an e Grupp vu Leit fueren, fir méiglech vill Affer ze fuerderen. Och d’Chrëschtmäert stellen en Zil duer fir esou grujeleg Doten. Och an der Stad sinn am Abléck sougenannten “Terror-Spären”, a Form vu Bëtongsbléck, op Afaarten an d’Foussgängerzonen opgestallt ginn. Dobäi sinn awer d’Ofstänn tëschent de Bléck esou grouss, datt weider Autoen an zum Deel och méi grouss Gefierer duerchkommen. Esou wéi des Bléck awer opgestallt sinn, däerf een sech Froe stellen, wat dat soll!

Esou och den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro, wou d’Drénglechkeet net unerkannt ginn ass.

An der Äntwert schreift de Minister fir bannenzeg Sécherheet Etienne Schneider “datt mer et, mat Bléck op d’Sécherheetssituatioun am internationalen Kontext, mat enger reeller mee abstrakter Menace ze dinn hunn”. Fir d’Ofséchere vu Plazen, wéi beim Chrëschtmaart, wär dëst “an éischter Linn eng Responsabilitéit vun de Gemengenautoritéiten”. D’Police ka beroden, “iwwerhëlt hei awer net de Kaschtepunkt vun dësem herheetsdispositif”.

Deel dëse Post: