Wéi eescht hëlt d’CSV de Referendum?

Beim Thema Auslännerwalrecht hat d’CSV 2015 keng kloer Positioun.  Elo denkt de nei gewielten CSV-President Fränk Engel doriwwer no, wéi en dës Positioun ënnergruewe kann: Et kéint ee jo a Betruecht zéien, datt och Leit kënne wiele goen, déi fënnef Joer am Land sinn an d’Lëtzebuerger Sprooch beherrschen. Och an deem Punkt fiert d’CSV keng kloer Linn: Viru kuerzem nach huet d’Sprooch keng wichteg Roll bei der CSV gespillt: Och een, deen 20 Joer am Land wunnt a kee Wuert lëtzebuergesch schwätzt, soll d’Nationalitéit kënne kréien. Den CSV-President huet deemno net wëlles, den Nee zum Auslännerwalrecht, fir deen sech 2015 80 Prozent vun de Lëtzebuerger ausgeschwat hunn, ze respektéieren – kaum verwonnerlech, wann ee bedenkt, datt de Fränk Engel sech schonn an der Vergaangenheet konsequent dofir agesat huet, d’Nationalstaaten zu Gonschte vun engem europäeschen Zentralstaat opzeléisen.

 

Deel dëse Post: