Wéi e Feminismus fir den 8. Mäerz?

All Joer, um internationalen Dag vun der Fra, ginn déi feministesch Fuerderungen e Stéck méi ideologesch a méi radikal. Déi Plattform, déi dee sougenannten „Fraestreik“ organiséiert, schwätzt z.B. an hire Publikatioune vu „femme*“ an net einfach vu „femme“, well mat dem Stärche jidderee soll mat beduecht ginn, dee sech sozial als Fra definéiert. Et ass e Feminismus, deen net méi d’Frae vertrëtt, mee eng dekonstruktivistesch Gender-Ideologie, déi sech géint eis binär Fra/Mann-Gesellschaft stellt an doduerch eis biologesch Realitéit duerch ideologesch Fantastereie wëll ersetzen.  Esou kënnt et och dozou, datt biologesch Männer am Fraesport untrieden, wat natierlech eng flagrant Ongerechtegkeet zum Nodeel vun de Fraen ass. De Feminismus radikaliséiert sech, e gëtt autoritär a wëll de Frae virschreiwen, wéi si ze liewen hunn.

D’ADR Frae stelle sech géint esou eng Entwécklung. Mir wëlle kee Feminismus, deen d’Frae wëll zu enger Kopie vun de Männer maachen. Mir betounen d’Complementaritéit vu Mann a Fra. Mir wëlle Gläichberechtegung a Chancëgläichheet, net de-facto-Gläichheet a Gläichmaacherei. Mir sinn net géint d’Männer, mee mir gi mat hinnen duerch dëst Liewen.  

Datt d’Fraebeweegung fest an den Hänn vun deene ganz lénke gesellschaftleche Beweegunge gelant ass, liest sech aus hire Fuerderungen. Am Beräich vum Logement gëtt z.B. een „temporäre Blockage, bis de Marché sech erëm berouegt huet, fir eng zweet, drëtt oder véiert Immobilie aus Investitiounsgrënn ze kafen.“ gefuerdert.  Mir stelle fest, datt esou eng Iddi, fir den Investissement a Wunnengen ze stoppen, absolutt kontraproduktiv ass. Mir wonneren eis doriwwer, datt och déi chrëschtlech-sozial an déi liberal Fraen esou Fuerderungen – via den CNFL – matdroen. Weder d’CSV, nach d’DP géingen hoffentlech esou onsënneg Fuerderungen an der Chamber ënnerstëtzen. D’ADR mol sécher net.

Mir wieren eis och géint déi Manie vum Fraeministère (Codenumm “MEGA”), fir eis Frae wëlle virzeschreiwen, wéi e Beruff mir solle wielen. Martialesch gëtt vun engem néidege “Kampf” géint esou genannt “Stereotyppe” geschwat, wa Fraen éischter en traditionelle Fraeberuff wielen. Krankeschwëster, sozial Beruffer, Schouljoffer si Beispiller, wéi eng Fra sech an den Ae vum MEGA ka falsch orientéieren. Esou Beruffer gëllen als bedauerlech stereotypesch Verhalensweise fir Fraen, déi nach net  dee Privileeg hate fir feministesch ëmerzunn ze ginn. Frae sollen dach, esou eise Feminismusministär, endlech méi Männerberuffer iwwerhuelen. Mir als ADR Frae verlaangen dogéint, datt de Staat sech aus de berufflechen Decisioune vun de Fraen eraushält. D’Fraen huelen déi Entscheedungen, déi si arrangéieren, a brauche kee maternalistesche Ministère, deen dat mengt missen ze kommentéieren oder ze beaflossen. De Staat huet sech erauszehalen. Dowéinst hunn d’ADR Fraen dëst Joer fir hir Aktioun um Fraendag de Slogan „Eist Liewen – eise Choix“ gewielt. D’Fraen hunn hautdesdaags déi Méiglechkeet fräi ze wielen, wat si wëlle schaffen, wéi laang si wëlle schaffen a wéi si hir Aarbechtszäit wëllen opdeelen.  

Och déi nei Moud, datt de Staat sech wëll an de Stot vun de Leit amëschen, weise mir zréck. Wien doheem wéi eng Contributioun leescht, wie botzt a kacht, wie schaffe geet a wien sech ëm d’Kanner këmmert, ass eng Decisioun vun der Koppel, déi de Staat näischt ugeet.

D’ADR Frae vertrieden d’Rechter vun de Fraen. Dat brauche si scho laang net méi géint d’Männer ze maachen, awer leider ëmmer méi géint de Staat.

Sylvie Mischel, Presidentin ADR Fraen

Deel dëse Post: