Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierte Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister weiderzeleeden.
An engem rezenten RTL-Artikel “Misogyn Contenuen an de soziale Medien: Wa Fraenhaass nees cool gëtt” (Link: Tradwives an aner Phenomeener: Misogyn Contenuen an de soziale Medien: Wa Fraenhaass nees cool gëtt) iwwer “Online-Misogynie” huet d’Responsabel vun der Organisatioun Respect.lu drop higewisen, datt jonk Männer op eng scho bal onvermeidlech Manéier duerch Algorithmen “misogynnen Inhalter” ausgesat sinn. Si huet domadder eng Aart latent Radikaliséierung bei jonke Männer ugedeit.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:
- Op wéi enger objektiver Basis ka Respect.lu, a konkret d’Responsabel vun där Organisatioun, en Inhalt op Social Media als “misogyn” bezeechnen?
- Wéi kann de Ministère garantéieren, datt d’Subventiounen, déi u Respect.lu bezuelt ginn, ausschliisslech fir d’Präventioun vu gewaltsamer Radikaliséierung benotzt ginn, a net fir aner Zwecker?
- Ass den Här Minister sech bewosst, datt verschidden Aussoen, déi an dësem Kontext vun enger staatlech subventionéierter Organisatioun gemaach ginn, zur Stigmatiséierung vun enger ganzer Rei vu jonke Männer bäidroe kënnen?
Mat déiwem Respekt,