Wat passéiert mat de Protokoller, déi an d’Ausland geschéckt ginn?

An enger parlamentarescher Fro wëll de Fred Keup Zuelen a Fakten zu eise Radare gewuer ginn. A wat passéiert mat de Protokoller, déi an d’Ausland geschéckt ginn?

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Policeminister an un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

Ënnert dem deemolege Mobilitéitsminister François Bausch gouf d’Presenz vun de Radaren zu Lëtzebuerg massiv verstäerkt. Dozou gehéieren esouwuel déi fix Radaren, inklusiv de Streckeradaren (Radars tronçon), ewéi och déi mobil Radaren. An deem Kontext wär et intressant ze wëssen, wéi sech d’Zuel vun den ausgeschriwwene Protokoller gestalt a wéi de Suivi dovunner ass.

Ech wéilt der Regierung dowéinst follgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Protokoller, déi vu Radaren ausginn, goufen am Joer 2023 zu Lëtzebuerg ausgestallt? Wéi héich ass d’Gesamtzomm, déi duerch dës Protokoller an d’Staatskeess gefloss ass?
  2. Wéi vill vun deene Protokoller goufen an d’Ausland geschéckt – opgeschlësselt no der Unzuel vun de Protokoller an deenen eenzele Länner?
  3. Wéi vill vun deene Protokoller, déi 2023 an d’Ausland geschéckt goufen, goufe bezuelt a wéi vill goufen net bezuelt?
  4. A wéi eng Länner schéckt Lëtzebuerg iwwerall Protokoller?
  5. A wéi eng Länner schéckt Lëtzebuerg keng Protokoller? Wat ass d’Ursaach, datt keng Protokoller an dës Länner geschéckt ginn?
  6. Kann d’Regierung confirméieren, datt déi grouss Majoritéit vun de Protokoller, déi an d’Ausland geschéckt ginn, och bezuelt ginn?
  7. Wéi eng Moossname si virgesinn, wa Protokoller, déi an d’Ausland geschéckt ginn, net bezuelt ginn? Wéi genee gëtt hei de Suivi vun deenen onbezuelte Protokoller séchergestallt?
  8. Wat geschitt, wann en Délit de grande vitesse begaange gëtt, den entspriechende Protokoll an d’Ausland geschéckt gëtt an de Schëllegen awer refuséiert, dësen ze bezuelen? Kënnt et an deem Fall systematesch zu juristesche Poursuitten?

Mat déiwem Respekt, Fred Keup – Deputéierten

Deel dëse Post: