Wat mécht d’Regierung fir den Déiereschutz?

Säit véier Joer huet Lëtzebuerg een neit Déiereschutzgesetz. Laut dësem Gesetz gëllen Déieren net méi als Géigestänn, mee als Liewewiesen, déi ënner dem Schutz vum Staat stinn. Véier Joer no Akraafttriede vun dësem Gesetz huet sech d’Situatioun vun den Déieren zu Lëtzebuerg awer net grondsätzlech verbessert. D’Déiereschutzorganisatioune bekloen een akute Plazmangel an de véier Déierenasyler vum Land. Honnerte vu Kazen an Hënn hu keen Ënnerdaach a verbreede sech rasant weider, well se net steriliséiert oder kastréiert sinn.

Besonnesch wärend dem Lockdown 2020 hu sech vill Leit Hausdéieren ugeschaaft, déi se nom Lockdown ausgesat oder un d’Déierenasyler ginn hunn. D’Situatioun gëtt duerch d’Vakanzesaison nach verschlëmmert. Dobäi kënnt, datt ëmmer méi Déieren am Internet oder op de soziale Medie verkaf ginn, wat vum Gesetz hier verbueden ass. Aus all deene Grënn sinn d’Déiereschutzorganisatiounen un d’Grenze vun hire Kapazitéite gestouss.

Ass d’Regierung bereet, zousätzlech finanziell oder materiell Mëttele bereetzestellen, fir et den Déiereschutzorganisatiounen ze erlaben, hir wäertvoll Aarbecht och weiderhi kënnen ze maachen an doduerch d’Déiereschutzgesetz vun 2018 ëmzesetzen?

Deel dëse Post: